Snack Track
iOS / Android App & Websäit (2018)
Honger? Een enken Zäitplang? Op der Sich no qualitativ héichwäertegen Iessensgeleeënheeten oder no engem Snack-Erliefnes?
Dann hutt Dir mat Snack Track genee déi richteg Food Truck App fonnt! Mat nëmmen wéinege Klicks fannt Dir all Food Trucks an Iessbuden an ärer Ëmgéigend an doriwwer eraus. Dezent, awer gutt siichtbar Spéngelen kennzeechnen d’Standuerter vun de Food Trucks a vun den Iessbuden. Bei der Beréierung vun enger Spéngel ginn dem Notzer, an enger klenger Iwwersiicht, interessant an nëtzlech Informatiounen ugewisen.
Ob ee Food Truck Festival, Event oder Top-Spezialofferen, Snack Track hält den Notzer ëmmer um neiste Stand, fir him esou dat beschtméiglecht Snack-Erliefnes kënnen ze offréieren.
Déi detailräich Landkaart mat Zoom an präziser Sichfunktioun gëtt dem Notzer d’Méiglechkeet, Uertschaften innerhalb vun nëmmen ee puer Ablécker ze fannen. Ob Wonsch kann d’Landkaart vun dëser Food Truck App entweder an der klassescher Kaarten- oder an der Satellitten-Usiicht ugewisen ginn.
Doriwwer eraus kritt den Notzer d’Méiglechkeet, sech un den Kommentaren vun aneren App-Notzer ze inspiréieren oder awer seng eegen Erfahrungen, nodeems hien sech erfollegräich bei Facebook ugemellt huet, mat ze deelen.
Zousätzlech kann hien och dank dëser Food Truck App eng iwwersiichtlech Gesamtbewäertung duerch een einfachen Stärebewäertungssystem ofginn.